D'Optimiséierung vun Nährstoffer fir eis Frënn.
Füügt einfach all Dag an d'Fudder bäi (naass an/oder dréchen).
Kann och zu Drénkwaasser bäigefüügt ginn. Wäertvoll vital an Nährstoffer als Fudderadditiv.
29.28 €
Gesond an e glänzende Pelz fir eis véierbeeneg Frënn.
är Déieren soen Iech dofir Merci.
25.27 €
Aloe Handseef bréngt Weichheet all Kéier wann Dir är Hänn wäscht. Et enthält zu 100% pure stabiliséiert Aloe Vera Gel.
16.85 €
Eng perfekt Fiichtegkeets- a Schutzcreme mat nëtzlechen Tugenden, déi all Dag benotzt kan ginn, a besonnesch fir empfindlech Haut recommandéiert get.
25.27 €
Passt op Iech an är Famill op wou Dir sidd mat Forever Instant Hand Cleanser.
Einfach opdroen, verreiwen an ferdeg. An dat ouni Waasser.
15.91 €
Dës speziell fetteg Creme këmmert sech besonnesch em dei dréche Beräicher.
Zum Beispill d'Patten vun ärem Hond oder ärer Kaz.
Schützt am Summer géint Hëtzt, géint Salz oder ze vill Keelt.
Well et Waasserfrei ass, schützt et och géint de Frascht.
Excellent fir all eis Déieren.
18.72 €
Déi Haaptprobleemer vun der korrekter Ernärung vun eisen Déieren sinn dacks wéinst der Ennerversuergung vun essentiellen Basisnährstoffen.
Déi gutt beduecht exzessiv Ernärung ass och dacks en Ausléiser fir Gesondheetsproblemer, well ze vill Fudder an eng falsch Iessens Zesummesetzung zu Iwwergewiicht féieren an doduerch zu Stéierungen.
Internen Notzen fir eis Déieren:
Vill Erkrankungen vun eisen Hausdéieren kënnen erliichtert ginn andeems en Aloe Vera Gel zum Fudder bäigemescht gëtt, awer d'Aloe Planz ass kën Allheelmëttel, awer e verstännege Mikronährstofflieferant, wat e wichtegen Deel vun der ganzheetlecher Therapie bei der Prophylaxe, der Nohëllef an der begleitender Behandlung vu Krankheeten betrefft.
Externen Asaz fir Déieren:
Wann et extern ugewannt gëtt, ass d'Aloe Vera dat ideal Fleegeprodukt fir de Pelz an d'Haut vun Hënn, Kazen, Päerd, asw. . D'Haut gëtt op vill Aart a Weis erausgefuerdert, well se sech géint ëmweltinfluenzen wéi Hëtzt, Keelt a Fiichtegkeet, géint Dreck, Toxine souwéi Bakterien a Parasiten behaapte muss an de Kierper virun schiedlecher UV-Stralung schützt. Am Fall vu Stéierungen an der Haut, déi aus verschiddene Schichten an Zellzorten besteet, kënne schwéier Krankheeten a Form vun Infektiounen an Allergien optrieden. Aloe Vera kann benotzt ginn fir bal all Typ vun Hautirritatiounen z'ënnerstëtzen.
Déi exzellent Interaktioun vu senge verschiddenen Zutaten fördert den Heelungsprozess am Fall vu Verletzungen.
Ech si fir Iech all Dag (+352 23 66 03 31) verfügbar an och de Weekend bis 21 Auer. +352 621 228677